15.04.2009

Squarepusher @ Exit07, Luxembourg/Hollerich

Et soll keen soën et wier een nët am viraus gewarnt gin. Et stoung jo grouss genuch bei der Kees datt de Concert absolut net geégent ass fir Epileptiker. Mee daat waat den Tom Jenkinson alias Squarepusher sengem Public ze bidden haat konnt een sech an deem Moos net erwaarden.

90 Minuten laang huet en ausverkaaftenen Exit sech zreck versaat gefillt an Zäiten vun Acid-Party'en, mat fetten, schnellen Beats an enger Lightshow déi keen sou séier wäert vergiessen. Gefillten 6 Milliarden LED'en iwert an hannert der Bühn, déi gekoppelt un de Bass blénken, Figuren zaubern an/oder einfach nëmmen flashen waren elleng schon den Déplacement op Hollerech wäert. Mee et däerf een wirklech net vergiessen ween an dëser relativ "klenger" Location gespillt huet! Deen nierft dem Aphex Twin prägnansten an wichtegsten Kënschtler aus der Elektronescher Musik, an daat zanter méi wéi 10 Joër an dobäi nach eent vun den Zugpferden vun WARP Records! Waat bleiwt vun der Musik um Concert zreck ze haalen?
Als alleréischt ass den Squarepusher zesummen mat engem Batteur opgetrueden, deen hien ab dem 4. Lidd d'Bengelen an den Grapp geholl huet an beim beschten Wëllen net ze ignoréieren war. "Drum 'n Bass meets Jazz-Virtuose meets Punk-Rock meets Metal" résuméiert wuel am beschten den Set. Verschnaufpausen huet den Jenkinson sengem Public tëscht Gehopps, Gedanz an sonstëgen spasteschen Beweegungen zwar gin, mee och dann konnt een net ofschalten: et huet een schon baal missen op d'Fangeren an op de Bass kucken an bei sou enger Vitesse( waat d'Spillen ungeet) ass méi wéi engem och de Mond opstoën bliwen. Cd lauschteren ass déi eng Saach, ze gesin wéi dës Musik entsteht ass eng aaner. Mee mir sin jo gewarnt gin...

Read more!

Electricity 2008

Am Dezember 2007 ass d’Kulturjoer fir de Grand-Duché op en Enn gangen an queesch duerch d’Stadt goufen et Manifestatiounen fir ze feieren. Och zu Esch gouf gefeiert andeems en sech vun den däitschen Noperen den Konzept vun Electricity ofgekuckt huet. Sou konnten bei der eischter Editioun och direckt grouss Nimm gebucht gin: DJ Hell, Richard Bartz an Mousse T., Etienne de Crécy, Goose an T.Raumschmiere waren Têtes d’affiche. D’Rockhal war wäit dervunner ewesch voll ze sin, mee et waren genuch Leit fir drop ze schléissen datt bei enger zweeter Editioun mei Leit wäerten kommen.

Huelen mir et fir ewesch: daat war net de Fall. Den 19. Dezember 2008 huet d’Rockhal eng zweeten Keier op hieren Electricity inviteiert. Deen war vum Line-Up hier net manner gudd wie am Joer virdrun, an awer hun däitlech manner Leit den Wee bis op Esch fonnt.
Den Owend huet direckt am groussen Sall mam Headliner ungefangen, Gorillaz Sound System. Dest ass net direckt daat nämlecht wie die weltbekannten Gorillaz („Clint Eastwood“, “Dirty Harry“) an awer ass et mateneen verbonnen. Hei sin DJ’en, déi Kollegen vun der Grupp sin, déi sech an engem Owend op den Platinen ofwiesselen, Stécker vun sech selwer remixen, Saachen vun den Gorillaz an queesch duerch den Musiksgoût alles opléen waat engem kéint gefaalen: vun Hip-Hop (Kanye West), Stemmungsmusik (Dizzee Rascal,Santogold) iwer elektronesch Saachen (Daft Punk) bis bei –onvermeidbar- Blur an hieren „Song 2“. Daat ganzt gett begleed vun engem MC deen sech haaptsächlech drop konzentreiert den Public waakreg ze man, enger Sängerin die virun allem bei den Gorillaz Titelen d’Lead-Vocals gesongen huet an engem Percussionist deen nierwenbäi och super danzen kann. Den Damon Albarn, Sänger an Kapp vun Blur an vun den Gorillaz war leider net sou wie puer Deeg drop zu Breissel um Concert vun GSS präsent. Den Tëppel um i vun engem gelongenen Optrëtt war eng arty Projections-Show die iwert die gesamten Bühn projezéiert gouf, kloer inspireiert respektiv designed vum Jamie Howlett, deen deen den Gorillaz eng Identitéit gin huet.

Am Club huet um kuerz no Metternuecht den belgen Duo Shameboy ungefangen, die 2008 schon fir d’zweet (am Juli bei den 24h électroniques) an desem Sall waren an hun defintiv Androck bei den 24h hannerloss. Et muss sech ronderem geschwaat hun, well hei war de Sall nach besser gefellt wie am Juli an d’Stemmung vun Unfank un präsent. Eng Stonn laang hun die 2 Bréissler d’Leit danzen gedoen an um Enn stoung fest: et war rem mei wée derwäert.
Duerno stoung am Club Missill op der Bühn, eng jonk DJ aus Paräis waat mei ausgesäit wie wann et engem Manga-Comic entsprongen wier. Seng Musik ass awer alles anescht wie Comic-like… Mat fetten Beats, schnellen Tempi an enger Energie die een sou nemmen rare gesäit. Mat engem Genre-iwergräifenden Set huet hatt am klengen Sall vun der Rockhal eng Stonn laang des Intensitéit oprecht erhaalen an d’Leit an d’Schweessen bruecht.

Während deems huet an der Main Hall den Zombie Nation opgeluecht, deen virun allem fir säin „Kernkraft 400“, een vun den erfollegräichsten Lidder vun der instrumentaler Elektro-Musik, bekannt ass. Säin Set huet sech op minimalisteschen Elektro konzentréiert mat engem Schwenker an entweder doucen House oder souguer an den Dub. Mat ennert aanerem „Positif“ vum Mr. Oizo huet hien et awer fäerdeg bruecht d’Leit weiderhin um Danzen ze haalen an ofzelenken vum fait dass sou mann Leit amfong do sin.

Waat kennen die meeschten Leit vun italienescher Musik? Ramazotti, Zucchero, Laura Pausini…? An vun italieneschem Elektro? Kloer, et gouf Italo-Disco an den 80er mee ween erennert sech nach dodrunner. The Bloody Beetroots erenneren sech nach drun, an et waren och sie die perséinlech d’Iwwerraschung an den Highlight vum Owend waren. Warscheinlech och verschold duerch deen mei relaxen Set vum Zombie Nation am groussen Sall, hun extrem vill leit den Wee an den Club fonnt: den Sall war voll. Mat richteg haardem Bass an enger gudder Dramatik huet et keen mei immobil an sengem Eck gehaalen. Ech geing souguer souwäit goen datt een sou eng Stemmung, sou eng Party nach net an der Rockhal gesin huet. Andeems sech op d‘90er baséiert gouf mat remixen vun Titelen wie „Pump up the jam“ oder nach hei an do emol d’Beastie Boys die en Lidd „sabotéiert“ hun, wosst den italieneschen –als eng Zort Spiderman maskeierten- Duo z’iwerzeegen ouni an die geféierlech Faal vum Humor ze faalen. Dobäi koumen nach Remixer vun mei rézenten Lidder wie zum Beispill vun Tiga oder Goose. Um Enn vun enger vill ze kurzer Stonn kann een sech dann och nemmen nach Daft Punk unschléissen: „One More Time“.

D’Main Hall ass elo kuerz no 3 sou gudd wie eidel an d’Sister Bliss huet et net einfach nach iergendwei Stemmung ennert d’Leit ze brengen mee hatt mescht seng Saach méi wie gudd. Wann een während enger Stonn der grad fatzeg laanscht d’Oueren krut ass et och schweier sech aus dem Stand an mei laid-back Saachen ze verléieren. Trotzdem en Must fir Amateuren vun der anerer Halschent vun Faithless.

D’Lëtzebuerger hun den ganzen Electricity vläit nemmen encadréiert, mee sie brauchen sech awer net hannert hinnen ze verstoppen. Artaban zum Beispill wossten mat relaxem mee tanzbarem Electro den Public ze begeeschteren, an den DJ DEE stoung senger Réputatioun als een vun den beschten letzebuerger DJen an näischt no.

Ennert dem Strech bleiwt festzehaalen datt och die zweeten Editioun vun Electricity gelongen ass an datt die eischt net nemmen op d’Kulturjoer zreck ze feieren ass. Electricity ass e festen rendez-vous gin fir all Amateur vun elektronescher Musik an souguer eng Alternativ fir déi die de Weekend gäeren eraus gin fir ze danzen an sech z’ameséieren. Et wier ze hoffen datt een et och geing fäerdeg brengen mei Leit fir desen Event ze begeeschteren, an et bleiwt ofzewarden op d’Rockhal am Juli deen zweeten Owend an desem Genre, d‘24h électroniques well bäibehaalen. Den e411 wäert egal wéi och do rem dobäi sin.

Read more!